Zum Haaptinhalt sprangen

Schouldoheem: Asazméiglechkeeten vun den OLEFA-Tools fir doheem ze léieren

29/03/2020

EducDesign huet e Blog (www.olefaschool.lu/schouldoheem)  erstallt, deen landeswäit déi verschiddenst Azsazméiglechkeeten collectéiert, wei d'TOLEFA-Tools bidden
- fir engersaïts vun doheem aus den Unterrëcht ze organiséier an ze suivéieren - an anersäit sde Schüler-innen d'Méiglechkeet ze ginn ze léieren, Aufgaben ze machen an hir Aktivitéiten autonom ze dokumentéieren.

Asazszenarien Homeschooling

D'Notzung vun den Tools iwwer de Schoulportal ass  ganz einfach a virun allem fir d'Elteren méi konfortabel, wéi  Office 365 an a One-Drive. Vill Elteren schaffen net op engem Büro a sinn mat MS-Office-Tools einfach net bewandert genuch.

D'Plattform erlabt et Informatiounen, Léieruleedungen, Aufgaben, Corrigéen a Links op interessant Ressourcen, iwwersichtlech ze strukturéieren, à jour ze halen an iwwer de Schoulwebsite den Elteren a Schülerinnen zoukommen ze loossen.

Direkt iwwer d'Schoulplattform ass et beispillsweis de Schülerinnen och méiglech een "online Léier- an Aktivitéitentagebuch" ze féieren, wat vun hirem/hirer jeeweileger Enseignant(e) kann suivéiert ginn.