Zum Haaptinhalt sprangen

Hallewfinale vum nationalen Virliesconcours

17/05/2018

Am Cader vum nationalen Virliesconcours, hu mir als Groupe Bibliothéik aus der Régioun Grevenmacher d'Hallewfinale geplangt, organiséiert an duerchgefouert, dëst am Centre Culturel Waasserbëlleg.
D'Kanditaten waren all gutt, si hu mat Spaß a Freed um Liesen d'Spectateure an d'Jury begeeschtert. Respekt un jiddferee dee matgemaach huet!

En Gléckwonsch och un de Kenan, den sech ënnert alle Kandidaten fir d'Finale zu Miersch qualifizéiert huet. Mir drécken dir an alle Finalisten d'Daumen!

En décke Merci och un d'Jury : Här Directeur Joa Baum, Här Buergermeeschter Jérôme Laurent, Responsabel vun der Médiathéik Desti Siegler an Robi Schilz.

En Merci och un d'Gemeng Mertert-Waasserbëlleg, déi eis all e Patt offréiert huet.