Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm


Wëllkomm um Internetsite vun de Schoulen vu Mäertert a Waasserbëlleg. Hei fannt dir Informatiounen, Neiegkeeten, aktuell Aarbechten vun de Kanner an d'Bibliothéik.



Aktuell News | All News uweisen




Journée pédagogique fir d'Léierpersonal vun der Gemeng

08/03/2007

Herr Stephane Hoeben, selbst Lehrer, zur Zeit an der Universität Namur als Lehramtsausbilder und Berater tätig, wird am 13. März 2007 auf Einladung des Lehrpersonals aus Wasserbillig und Mertert zum Thema "Differenzierung und Arbeit in Zyklen" referieren.
Nach einer morgendlichen Einführung und Vertiefung in das Thema, werden nachmittags in Workshops konkrete Planungseinheiten ausgearbeitet. (Sprachenfächer und Differenzierung)

Da alle LehrerInnen an den Kursen teilnehmen, haben sämtliche Kinder der Primärschulklassen unserer Gemeinde an diesem Tag schulfrei. Es besteht jedoch die Möglichkeit, Ihr Kind am 13. März von 7.55 bis 12.00 Uhr in der Schule betreuen zu lassen.












Schoulsäck fir Kanner aus der Ukraine - Amnesty Kärzen

18/11/2006

Den 10. Dezember ass den internationalen Dag vun de Mënscherechter. Mir hu ronn 300 Käerzen zu Gonschte vun Amnesty International verkaaft. AI setzt sech an, datt weltwäit Mënsche vun allen Hautfaarwen, vun alle Reliounen, vu verschiddene politischen Iwwerzeegungen, op aarm oder räich, op grouss oder kleng, hir Rechter solle kréien.

Och 75 gutt gefëllte Schoulsäck fir Kanner aus der Ukraine sinn ënnerwee. Domat hëllefe mir, datt déi Kanner an d'Schoul goe kënnen. Dat ass jo och en elementaart Mënscherecht.

Lo däerfe mer just net vergiessen, mar, den 10. Dezember, eis Käerz an d'Fënster ze stellen an unzefänken.





Aweiung vum Précoce a vum Préscolaire zu Waasserbëlleg

14/10/2006

A Präsenz vun der Prinzessin Alexandra, deer hiren Numm deen neie Schoulkomplex dréit, gouf e Samschdeg, de 14. November, eis neit Gebai fir de Préscolaire an de Précoce ageweiht.
Gebaut no Pläng vum Architekt Jean-Marie Wirtz, deen hei zu Waasserbëlleg an d'Schoul gaang ass, zielt deen neien Centre zu engem vun de schéinsten aus dem ganze Land.
Mir Kanner a Léierpersonal si frou, grouss, frëndlech a modern Raimlechkeeten ze kréien, equipéiert mat de modernsten Mëttelen. Sou gëtt och nobausse gewisen, datt d'Schoul, a ganz besonnesch och d'Léieren an d'Schaffe mat de ganz klenge Kanner, wichteg ass an eescht geholl gëtt.
Mir soë jidderengem, dee gehollef huet dëse Plang ze realiséieren, villmools merci. E ganz besonnesche Merci awer eiser Gemeng, déi fir nei Iddien op war a keng Méi gescheit huet, sou eng schéi Schoul ze realiséieren.

pdfArtikel am Tageblatt vum 16.10.2006(528.6 KB)




Rafik Schami

12/05/2006

Well de syresch-däitschen Schrëftsteller Rafik Schami Bicher schreift, déi sech fir ganz ënnerschiddlech Altersgruppen eegnen hunn d'1., 5. a 6. Schouljoer aus Mertert decidéiert sech klasseniwergräifend mat dësem Auteur ze beschäftegen.

Dobäi goufen Noerzielungen geschriwen, Konschtwierker erstallt an Theater opgefouert. Mir präsentéieren iech déi ënnerschiddlech Aktivitéiten an eisem Wiki Projet zum Thema.




Éischt Zeréck Nächst Lescht


Kalender


chevron_left
chevron_right


> zur Gesamtübersicht

Login


News Feed

 

Unseren Feed öffnen / abonnieren

Erklärungen (Win / Mac)

Dimmi

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche