Zum Haaptinhalt sprangen

Télévie zu Waasserbëlleg

27/03/2006

E Freideg, den 31. Mäerz, lafen d'Schoulkanner vu Mäertert a Waasserbëlleg e Cross zu Mäertert am Park an zu Waasserbëlleg bei der Gemeng. All Kand ka sech Sponsoren sichen, déi säi Lafe bezuelen. Eng Ronn kascht 2 €. Mir lafe vun 14 bis 16 Auer an hoffen sou en décke Bäitrag fir Télévie ze leeschten. Allen Elteren a Frënn soe mer e grousse MERCI.