Zum Haaptinhalt sprangen

Conveniat

04/10/2005

De leschte Samschdeg (den 1. Oktober) hate mer Klassen op Besuch, déi am 2. Schouljar nach Pionéier vun der "neier" Schoul zu Waasserbëlleg waren. Si waren nach am 1. Schouljar am Pavillon bei der aler Schoul a sinn du an dat neit Gebai am Centre Culturel geplënnert. Dofir hate si drop gehal, erëm eng Kéier d'Schoulbänken ze drécken a goufen vun de Léierpersounen aus hirem 1. Schouljar an der Schoul empfaang. Si konnten nach eng Kéier Aufsätz virliesen, déi si vrun 30 Jar geschriwwen haten, a goufe mat de Schwieregkeete vun der neier däitscher Schreifweis konfrontéiert.
Nom Éierewäin op der Geméng war et dann e gemittlechen Owend beim "Baron" zu Uesweller, fir deen et natierlech eng Freed war, fir seng fréier Matschüler ze kachen.
Vergiesst net: ¨klickt "Projeten" un, do fannt der ënner "Huelmes 75" an och "Huelmes 2" nach flott Lektür!