Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm


Wëllkomm um Internetsite vun de Schoulen vu Mäertert a Waasserbëlleg. Hei fannt dir Informatiounen, Neiegkeeten, aktuell Aarbechten vun de Kanner an d'Bibliothéik.



Aktuell News | All News uweisen








Niklosmaart 2019

25/11/2019

Och dëst Joer invitéiere mir op den anzwëschen traditionellen Niklosmaart.

E fënd den 30.11.2019 zu Waasserbëlleg am Schoulhaff statt.


Ab 12:00 Auer:
Iess-, Gedrénks a Verkafsstänn
                         Bastelatelier vun Art à l'Ecole

14:45 Auer: De Kleeschen kënnt bei der Schoul un

16:00 Auer: Theater am Centre Culturel


Weider Detailer souwéi de vollstännege Programm fannt Dir um Flyer an der Galerie.




Grouss Kannerbicherausstellung zu Mertert

25/10/2019

D‘Elterevertriëder aus der Grondschoul Mertert organiséieren hir traditionell Kannerbicherausstellung am Centre Culturel zu Mertert.

Doriwwer eraus fannen och nach folgend Aktivitéite statt:

Donneschdes, den 21.11.2019

15-16h: Bastelatelier

16-17h: Ëffentlech Liesung mam Betsy Denzer, gesponsert vun der Musel-Sauer-Mediathéik

17-18h: Bastelatelier

Freides, den 22.11.2019

17.30h: Optrëtt vun de Zumbakids vum TopFit Waasserbëlleg

All weider Detailer fannt Dir um Flyer




Ausfluch op Beefort

21/12/2018

Fir de leschte Schouldag virun der Chrëschtvakanz war de Cycle 4 vu Mertert op d'Äispist zu Beefort.




Niklosmaart 2018

05/12/2018

Hei e puer Andréck vum Niklosmaart 2018. Villmools Merci un All déi wou eng Hand mat ugepaak hunn: Enseignants, Elteren & Kanner. Merci och un de Fëscherveräin an d'Gemeng fir d'Organisatioun an d'Zesummenaarbecht. Merci un d'Carole fir déi flott Foto'en.




Hallewfinale vum nationalen Virliesconcours

17/05/2018

Am Cader vum nationalen Virliesconcours, hu mir als Groupe Bibliothéik aus der Régioun Grevenmacher d'Hallewfinale geplangt, organiséiert an duerchgefouert, dëst am Centre Culturel Waasserbëlleg.
D'Kanditaten waren all gutt, si hu mat Spaß a Freed um Liesen d'Spectateure an d'Jury begeeschtert. Respekt un jiddferee dee matgemaach huet!

En Gléckwonsch och un de Kenan, den sech ënnert alle Kandidaten fir d'Finale zu Miersch qualifizéiert huet. Mir drécken dir an alle Finalisten d'Daumen!

En décke Merci och un d'Jury : Här Directeur Joa Baum, Här Buergermeeschter Jérôme Laurent, Responsabel vun der Médiathéik Desti Siegler an Robi Schilz.

En Merci och un d'Gemeng Mertert-Waasserbëlleg, déi eis all e Patt offréiert huet.




Éischt Zeréck Nächst Lescht


Kalender


chevron_left
chevron_right


> zur Gesamtübersicht

Login


News Feed

 

Unseren Feed öffnen / abonnieren

Erklärungen (Win / Mac)

Dimmi

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche